10h00 - 17h00
Autofräie Sauerdall
D’Streck vum Ierpeldenger Dräieck bis de Millewo ass op 30 km/h limitéiert, vum Millewo bis op de Willspull (N27) ass fir all motoriséierte Verkéier gespaart. D’Gesamtstreck hin an zeréck ass ca. 15 km laang. Ënnerwee, erwaarden Iech vill Animatiounen, e Sprangschlass, Musek mam DJ Steve a Gesang mat Two Voisis (12h00-15h00).
Fir Iessen a Gedrénks ass beschtens gesuergt.
De Ludobus garantéiert Animatioun fir Kanner a Jugendlecher. Et gëllt an alle Fäll de „Code de la Route” ze respektéieren.