Konzept

Concept

Zanter 2002 fënnt d’Europäesch Mobilitéitswoch all Joer vum 16. bis den 22. September statt.

Organiséiert vun der Europäescher Kommissioun huet d'Kampagne d'Zil, d'Bewosstsinn fir nohalteg Mobilitéit ze stäerken an d'Gesondheet an d'Liewensqualitéit vun de Awunner*innnen ze verbesseren. D’Europäesch Mobilitéitswoch riicht sech virun allem un d’Gemengen a motivéiert d’lokal Autoritéiten, nohalteg Verkéiersmoossnamen anzeféieren an ze fërderen, déi hir Awunner*innen an Grenzgänger*innen dozou animéieren, Alternativen zum Auto auszeprobéieren. All Joer steet d’Campagne ënner engem anere Schwéierpunkt, woubäi déi verschidde Facettë vun der nohalteger Mobilitéit an de Fokus geréckelt ginn. Egal ob Ekonomie, Multimodalitéit oder Accessibilitéit – d’Joresthema soll kreativ Aktivitéiten, innovativ Iddien an inspiréierend Diskussiounen ureegen.

Eng Geleeënheet fir Léisungen ze testen a sech ze begéinen

D’Europäesch Mobilitéitswoch bitt de Gemengen eng gutt Geleeënheet, innovativ Verkéiersléisungen zesumme mat hiren Awunner*innen an Grenzgänger*innen auszeprobéieren oder kreativ Iddien fir eng nohalteg Mobilitéit ze fërderen. Sou kënnen d’Gemengen zum Beispill Parkplazen oder Stroossen temporär fir den Autoverkéier spären, fir se de Foussgänger*innen an de Familljen zougänglech ze maachen. Si kënnen nei Weeër a Vëlosweeër aweien, elektresch Gefierer oder speziell Vëloen testen, Schoulweeër méi sécher maachen oder aner innovativ Moossnamen ëmsetzen, déi de Klima schützen an gläichzäiteg d’Liewensqualitéit erhéijen.

Op dës Aart a Weis huet d’Europäesch Mobilitéitswoch d’Zil, en offene Prozess vu Reflexioun an Diskussioun fir jiddereen unzestoussen an ze begleeden — iwwert d’Fro, wéi jiddereen sech bannent a tëscht senge Liewens- a Aarbechtsplaze beweegt an dobäi den ëffentleche Raum notzt. Gläichzäiteg bitt si e Kader, fir Wëssen zum Thema nohalteg Mobilitéit ze vermëttelen an konkret Léisunge fir lokal Erausfuerderungen ze fannen – egal ob et sech ëm Loftverschmotzung, Kaméidi, Verkéiersstau, Accidenter, Gesondheetsproblemer oder aner Themen handelt.

Schlussendlech wëll si dozou bäidroen, d’lokal Acteuren méi no zesummenzebréngen an Bierger*innen souwéi lokal Vertrieder*innen dozou motivéieren, zesumme nohalteg Léisungen ze fannen, déi den ëffentleche Raum an Europa verbesseren.

Aktualiséiert den