Schreiwt Iech elo an!
Erstellt Ären Online-Kont (wann Dir nach keen hutt) an registréiert Är Aktivitéiten.
Dir féiert eng Aktioun (dono „Mobility Action“ genannt) duerch, déi d’Iddi vun enger nohalteger urbaner Mobilitéit fërdert? Mir wëlle méi dozou wëssen!
Wann Dir Är Mobility Action op dëser Internetsäit registréiert, kënnt Dir un der Campagne vun der Europäescher Mobilitéitswoch deelhuelen. No der Aschreiwung ginn all d’Aktiounen, déi Dir fir d’Fërderung vun der nohalteger urbaner Mobilitéit ëmsetzt, an der Lëscht vun de Mobility Actions ugewisen.
Hutt Dir decidéiert, zesumme mat Ärer Noperin oder Ärem Noper mam Vëlo op d’Aarbecht ze fueren? Huelt Dir als Employeur konkret Moossnamen, fir Är Mataarbechter*innen dozou ze motivéieren, déi ëffentlech Transportmëttel ze benotzen?
De Ministère fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechten wëll Iech dobäi ënnerstëtzen, Är Erfollegsgeschicht ze deelen. Soulaang Är Aktioun eng Verhalensännerung zugonschte vun enger méi nohalteger Kultur vun der urbaner Mobilitéit encouragéiert an ee promotive an net technesch Charakter huet (technesch Innovatioune ginn net akzeptéiert), sidd Dir berechtegt, fir deelzehuelen.
Erstellt Ären Online-Kont (wann Dir nach keen hutt) an registréiert Är Aktivitéiten.
D’Registréierung vu Sensibiliséierungsaktiounen, déi eng nohalteg urban Mobilitéit fërderen, ass fir jiddereen op: Gruppen vun Eenzelpersounen, ONGen, Sozialpartner, Fuerschungs- a Bildungsinstituter, lokal an national Autoritéiten, ëffentlech Institutiounen souwéi ëffentlech a privat Entreprisen sinn häerzlech invitéiert, matzemaachen.
Eng Mobility Action kann sech op een bestëmmten Dag beschränken oder e puer Wochen oder Méint daueren. Si kann während der Europäescher Mobilitéitswoch (16. bis den 22. September) oder zu all anerem Zäitpunkt vum Joer stattfannen.
D’Aktioun muss eng Verhalensännerung zugonschte vun enger méi nohalteger Kultur vun der urbaner Mobilitéit fërderen.
D'Aktioun däerf net zu ongesetzlechem Verhalen oder ziviler Ongehorsam opfuerderen.
D’Participanten*innen mussen 18 Joer oder méi al sinn.
Dernière modification le