Gemengen
Gemengen
Gemengen, maacht mat!
All Lëtzebuerger Gemeng oder Stad kann un der Europäescher Mobilitéitswoch deelhuelen – onofhängeg vun hirer Gréisst. Fir dës Campagne spillen weder d’Zuel vun den Awunner*innen nach d’Fläch vun der Gemeng eng Roll – entscheedend ass Äert Engagement, d’Mobilitéit vun Ären Awunner*innen an Grenzgänger*innen ze verbesseren!
D’Virdeeler
D’Europäesch Mobilitéitswoch ass eng Geleeënheet, fir d‘Leit zesummenzebréngen, nohalteg Mobilitéit an de Mëttelpunkt ze stellen an innovativ Iddien ze fërderen. Déi deelhuelend Gemengen:
- entwéckelen e méi „gréngt“ an innovativt Image;
- fërderen d’lokalt Engagement fir nohalteg Mobilitéit;
- schafen Synergien mat anere Gemengen esou wéi mat nationalen an europäeschen Acteuren;
- fërderen den Austausch mat hiren Awunner*innen an Grenzgänger*innen;
- weisen, wéi Alternativen zum individuellem Auto d’Liewensqualitéit verbessere kënnen;
- erhéijen d’Attraktivitéit vun hirer Gemeng;
- kréien d’Geleeënheet, nei Moossnamen ze testen an Réckmeldungen ze sammelen, ier permanent Infrastrukturen ëmgesat ginn;
- kréien Ënnerstëtzung bei der Organisatioun an der Promotioun vun hiren Aktivitéiten an Aktiounen;
- profitéieren vun enger méi grousser Visibilitéit an der Press;
- huelen un Workshops, Konferenzen a Versammlungen deel.
Déi 3 Deeler vun der Campagne
Fir Iech fir d’Europäesch Mobilitéitswoch anzeschreiwen, musst Dir op d’mannst un engem vun den dräi Deeler vun der Campagne deelhuelen.
- Aktivitéiten während der Woch: Organiséiert vum 16. bis den 22. September eng Woch mat Aktivitéiten, ënner Berécksiichtegung vum Joresthema. Egal ob Mobilitéitsdeeg, Rallyen, Concoursen oder d’Verdeelung vu Kaffiskichelcher un d’Benotzer*innen vum ëffentlechen Transport – et ginn eng Villzuel vu pedagogeschen an och spilleresche Méiglechkeeten, fir d’nohalteg Mobilitéit ze fërderen.
- Autofreien Dag: Feiert en autofräien Dag, andeems Dir op Ärem Territoire een oder méi Beräicher reservéiert, déi exklusiv fir Foussgänger*innen, Cyclisten an den ëffentlechen Transport virgesi sinn. Den autofräien Dag fënnt am Beschten den 22. September statt, dem traditionelle Datum vun dëser Aktioun, a muss op d’mannst e komplette Dag daueren (dat heescht vun enger Stonn virun bis enger Stonn no den üblechen Aarbechtszäiten).
- Permanent Moossnamen: Setzt op d’mannst eng nei permanent Moossnam ëm, déi zum Modalwiessel vum individuellen Auto hin zu engem ëmweltfrëndleche Transportmëttel bäidréit. Sou wäit wéi méiglech, sollen déi ëmgesate Moossnamen eng dauerhaft Réappropriatioun vum Stroosseraum am Déngscht vum Foussgoen, Vëlofueren oder vum ëffentlechen Transport duerstellen (z. B. Stroossespärung, méi breet Trottoiren, nei Vëlosweeër, nei Busspueren, Verkéiersberouegungsmoossnamen, reduzéiert Vitessebegrenzungen, asw.).
Dernière modification le